TROUVER UNE BONNE ADRESSERecherche
LES ÉTABLISSEMENTS AUTOUR DE MOI Carte

PDF
 Whist

D'Ausdeele vun de Kaarten:

Et gëtt nom Zoufallsprinzip decidéiert, wien als éischt ausdeelt. Dono wiesselen d'Spiller sech mam Ausdeelen of, et geet no der Richtung vun den Zäre vun der Auer.

All Spiller kritt 13 Kaarten an et gëtt an dräi Kéieren ausgedeelt: als éischt 4 Kaarten, duerno 5 an dann nees 4.Détermination du contrat

D'Annonce:

D'Spiller kréien een nom aneren d'Wuert. De Spiller dee lénks vun deem sëtzt, deen ausgedeelt huet, fänkt un, an et geet dann an der Richtung vun den Zäre vun der Auer weider.

D'Bewäertung vun de Spiller geet no der Punktentabell.

Bei gläichwäertegem Spill, sinn d'Faarwe decisiv. De Wäert vun de Faarwen kënnt vu ganz héich bis ganz niddreg an der heite Reiefolleg: Häerzer, Rauten, Kräizer, Schëppen.

Et däerf ni e méi niddregt Spill annoncéiert ginn, wéi dat héchste Spill dat schonns annoncéiert gouf.

D'Spill mat der héchster Annonce, gëtt gespillt.

D'Stee ass eriwwer, wann all Spiller déi héchsten Annonce spillen oder passen.

Wann e Spiller passt, däerf e bei der Stee net méi mat maachen. Esou laang de Spiller net passt, däerf en esou bal en d'Wuert kritt, méi wéi déi héchsten Annonce, déi bis elo gemaach gouf, bidden.

Wann all Spiller passen, muss nees de selwechte Spiller ausdeelen.


D'Annonce vum « Trou » :

Virun der Stee, kontrolléiert all Spiller ob en exakt 3 Äss huet. An deem Fall annoncéiert de

Spiller den « Trou », an all anerem Fall (och bei 4 Äss) annoncéiert de Spiller « PasseTrou ».

Wann « Trou » annoncéiert gouf, kann all Spiller esou bal en un der Rei ass, e méi héicht Spill wéi « Trou » annoncéieren. Wann déi aner 3 Spiller gepasst hunn, gëtt den « Trou » gespillt. De Spiller mam 4. a leschten Äss mellt sech a wielt d'Faarf vun der Tromp. Wann e Spiller e méi héicht Spill annoncéiert huet, kënnen déi, déi nach net gepasst hunn, méi héich bidden.

Déi éischt Ronn

Bei der éischter Ronn, däerf den éischte Spiller (dee lénks vum Spiller sëtzt, deen ausgedeelt huet) waarden, de Spiller muss « ech waarden » soen. Dono däerf en nëmmen nach « matgoen ».

« Abondance » an « Chelem » mussen och am éischten Tour annoncéiert ginn.

D'Steeën:

Wann e Spiller d'Wuert kritt, kann en:

eng Faarf proposéieren,

oder bei enger annoncéierter Faarf « matgoen »,

oder eng Annonce maachen, déi eleng gespillt gëtt,

oder passen

Fir kënnen eng Faarf ze proposéieren, muss op mannst nach ee Spiller do sinn, deen nach d'Méiglechkeet huet « matzegoen », dat heescht, et gëtt op mannst nach ee Spiller, deen nach net dru war, deen net « ech waarde » gesot huet, oder drop waart bei enger méi niddreger Faarf « matzegoen ». Dobäi däerf nach kee Spiller « Misär » oder « Piccolo » annoncéiert hunn.

Fir « matzegoen », muss de Spiller op mannst eng Kaart an där Faarf hunn. Deen deen d'Annonce gemaach huet, däerf näischt méi soen, esou laang anerer « matginn ». Dee Spiller, dee « matgeet » muss erhéijen, oder passen. Wann de Spiller keen huet, dee « matgoe » kann, oder wann e « klenge Misär » annoncéiert gëtt, kann de Spiller direkt e Solo annoncéieren. Wann de Spiller, deen eng Faarf proposéiert huet, nees d'Wuert kritt, huet en d'Recht direkt e Solo z'annoncéieren, oder ze bleiwen, esou laang en anere Spiller « matgoe » kéint.

E Spiller, dee bleift, ka bei der Stee net méi mat maachen. Wa keen anere Spiller mat him « matgeet », ass en an der selwechter Situatioun, wéi wann e gepasst hätt.

Am selwechte Spill, kann e Spiller nëmmen dann d'Faarf änneren, wann de Wäert méi héich ass.

Dee Spiller, deen eng Faarf proposéiert huet, kann e Solo an iergend enger Faarf annoncéieren.

D' « Misären » an de « Piccolo », kënne vun e puer Spiller gespillt ginn. Si spillen onofhängeg vun eneen.

Méiglech Spiller:



D'Spill:

Den éischte Streech

De Spiller, deen « Abondance » oder « Chelem » annoncéiert huet, oder de 4. Äss beim « Trou » huet, fänkt un. An deenen anere Fäll, fänkt de Spiller, dee lénks vun deem deen ausgedeelt huet, un.

Déi nächst Streech

Dee Spiller deen de leschte Streech krut huet, fänkt un. Hien däerf d'Kaart fräi wielen.

D'Spiller spillen noeneen an der Reiefolleg vun den Zäre vun der Auer. Si mussen, wa méiglech mat der selwechter Faarf weider spillen. Wann dat net méiglech ass, kenne si d'Faarf wiesselen. Si mussen net schneiden.

Esou bal déi 4 Kaarten um Dësch leien, huet dee Spiller de Streech gewonnen, deen déi héchste Kaart vun der Ufanksfaarf gespillt huet, et sief de Spiller hätt geschnidden. An deem Fall kritt dee Spiller de Streech, deen déi héchsten Tromp gesat huet. Wann all d'Kaarten, déi ausgedeelt goufen, verspillt goufen, ass d'Spill fäerdeg an d'Punkte ginn ausgerechent.

D'Punkten:

Gewonnen hunn déi déi d'Annonce gemaach hunn, wa si hir Wett gewonnen hunn. Si kréien déi Punkten, déi an der Punktentabell stinn. Wann déi déi d'Annonce gemaach hunn, hir Wett verluer hunn, kréien hir Géigner d'Punkten. 




  













Une action de l'HORESCA Avec le soutien de:   
Min